Tommek

Tommek

Artist

TOMMEK


Den Tommek ass ee lëtzebuergesche Rapper, dee säit 2015 versicht déi kreativ Grenzen zu Lëtzebuerg ze pushen. Seng Mamm ass an den 90er zu Lëtzebuerg agewandert a säi Papp kënnt aus enger einfach Baurefamill am Norden. Domat beweegt sech seng Geschicht tëschent verschiddene soziale Realitéiten.Säin neie Projet KULTUR KURWA markéiert eng nei Phase: Den Tommek ass net méi op der Sich, hien huet fonnt, wat hie brauch. Fir d’éischte Kéier erzielt hien am Detail vu senger Jugend a sengem Privatliewen: Aarmut a sozialen Drock zu Lëtzebuerg, Struggle aLuxus, mental Gesondheet, Bestiednis a Kanner.„Hei si Leit, déi schaffe sech den Aarsch of fir e bësse money.“ Eng Zeil, déi d’Realitéit vun den Aarbechter hei am Land op de Punkt bréngt, vu Leit, déi sech finanziell Stabilitéit selwer hu misse schaffen, ouni sech dobäi ze verléieren. Am Kär geet et ëm Resilienz, Ambitioun an d’Fro, wat um Enn wierklech wichteg ass.Nieft der Musek ass mam Podcast„D’Freidesdrénker“an de leschte Joren nach en anere Projet dobäikomm. Zesumme mam Co-Host Manuel deelt den Tommek do seng Begeeschterung fir Wäin a Gastronomie. Mat hire Gäscht erzielen si Geschichten aus dem Liewen. Dem Tommek säi Wee war vun Ufank un DIY. Fir säin Debutalbum 2015 organiséiert hien zwou eege Release-Partyen, eng am Norden an eng am Rocas. MatTok Tok Tommekgeet et mat Liveband an d’Rotondes, wärendWAT RAP2020 soundlech an inhaltlech eng wichteg nei Etapp a senger Musek markéiert. Zu senger Geschicht gehéieren och Optrëtter bei Food For Your Senses, legendär Shows um Funky Donkey Festival, solo a mat STAYFOU, an eng Show um Rock-A-Field. Iwwer zwee Alben, eng EP a verschidde Singles huet den Tommek säi Sound a seng artistesch Identitéit ëmmer weiderentwéckelt.

MILESTONES

2026

Podcast Freidesdrénker

KULTUR KURWA

2025

Funky Donkey Festival

2020

WAT RAP Album

DISCOGRAPHY

PRESS PHOTOS

publishing

publishing@beast.lu

Previous
Previous

SERGIO MANIQUE JR

Next
Next

TURNUP TUN